Eng Bëschofskonferenz leet als Grenzlinn fir d'Diözese vu Salzburg an Aquileia am Gebitt vun de Sloweenen déi d'Franken am Laf vun den Awarefeldzich ënnerworf hunn, d'Drau fest.
Nei Opstänn vun de Sachse géint d'fränkesch Friemherrschaft.
Kent notzt den Doud vum Kinnek Offa vu Mercien aus, fir mam Eadbert III. Praen en eegestännege Kinnek ze proklaméieren. Hien herrscht allerdéngs nëmmen zwee Joer éier Mercien d'Kontroll iwwer Kent nees zeréckgewënnt, an den Eadbert ofsetzt.
A Mercie gëtt de Coenwulf Nofollger vum Kinnek Offa, den Ecgfrith gëtt Matherrscher.
Nom Doud vum Aethelred I. gëtt als éischten den Osbald säin Nofollger um Troun vun Northumbria, mä dëse gëtt nach am selwechte Joer vum Eardwulf ofgeléist.
Den Al-Hakam I. gëtt Emir vu Córdoba. Hien ass den Nofollger vu sengem Papp Hischam I.. D'Trounrivale Sulayman an Abdallah gi mat enger Deelherrschaft am Oste vu Spuenien offonnt.
A Syrien kënnt et zu enger (erfollegloser) Erhiewung géint d'Herrschaft vun den Abbasiden.