Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Albert Einstein war den Eelste vun zwee Kanner. Seng Elteren Hermann a Pauline Einstein ware Geschäftsleit. Seng Schwëster Maja koum ee Joer no him zu München op d'Welt.
Hie war e Suergekand, huet spéit ugefaange mat schwätzen an huet 1894 d'Schoul, de Münchener Luitpold-Gymnasium, ouni Ofschloss verlooss. Well hien awer zu Zürich studéiere wollt, huet e sech 1895 zu Aarau an enger Schoul ugemellt fir den Ofschloss nozehuelen.
Ee Joer méi spéit huet en dee gepackt an ass vun do un iwwerzeegt, datt de liberale System aus der Schwäiz zu sengem Erfolleg bäigedroen huet. Vun do un huet hien eng Ofneigung géint den däitschen Drill an Autoritéit. Si bréngen hien dozou, spéider seng däitsch Nationalitéit opzeginn.
Mat 21 Joer mécht hie säin Ofschloss zu Zürich als diploméierte Fachprofesser an der Mathematik an an der Physik.
Hie geet an Däitschland zeréck. Seng Eltere liewen awer mëttlerweil an Italien. 1901 hëlt hien déi Schwäizer Nationalitéit un a geet 1902 op Bern wou hie sech mat Privatstonnen iwwer Waasser hält.
Fir d'Entdeckung vum photoelektreschen Effekt krut hien 1921 den Nobelpräis an der Physik.
1933 ass hien an d'USA immigréiert an huet do als Fuerscher um Institute for Advanced Study zu Princeton geschafft. Den 18. Abrëll1955 ass hien zu Princeton gestuerwen.
Biographie
Ernst Peter Fischer: Einstein für die Westentasche (2005), ISBN 3-492-04685-1