Den Albert (Jean-Albert) Rodange, gebuer de 25. Mäerz 1858 an der Fiels, gestuerwen den 22. Oktober 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.[1]
1888 huet den Albert Rodange bei der Bauverwaltung mat schaffen ugefaangen a war vun 1891 bis 1926 Chef-Ingenieur vun där Verwaltung.
Den Albert Rodange huet eng Virreiderroll an den Diskussiounen iwwer de Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach gespillt. Hien huet och déi éischt Pläng fir d'Adolphe-Bréck (Nei Bréck) an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Zesumme mam franséischen Ingenieur Paul Séjourné sinn d'Pläng herno ëmgesat ginn.
Den Albert Rodange war de Jong vum Michel Rodange.
Literatur
Referenzen
- ↑ Luxemburger Lexikon, S. 368.
- ↑ Doudesannonce vum albert Rodange am Luxemburger Wort vum 24. Oktober 1927