D'Anne-Marie David, gebuer den 23. Mee 1952 zu Casablanca, ass eng franséisch Sängerin. Hir Karriär huet 1970 ugefaangen.
Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1973 zu Lëtzebuerg mam Lidd "Tu te reconnaîtras" vertrueden. Si koum op déi 1. Plaz mat 129 Punkten.[1] Et war déi véiert Kéier dat Lëtzebuerg beim Grand Prix gewonnen huet.
1979 huet si Frankräich beim Eurovision Song Contest zu Jerusalem mam Lidd "Je suis l'enfant soleil" vertrueden. Si koum op déi 3. Plaz mat 106 Punkten.[2]
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Eurovision Song Contest 1973
- ↑ Eurovision Song Contest 1979