Dem Bhumibol Adulyadej seng Eltere waren de Prënz Mahidol Adulyadej, Fürst vu Songkhla, a seng Fra Mom Sangwal, déi spéiderhin den Numm Srinagarindra krut. Wéi säi Monni Prajadhipok 1935 ofgedankt huet, ouni Kanner ze hunn, gouf dem Bhumibol säi Brudder Ananda Kinnek. Dëse gouf den 9. Juni 1946 erschoss opfonnt, an de Bhumibol gouf neie Kinnek. Hien huet awer fir d'éischt seng Ausbildung an der Schwäiz ofgeschloss, sou laang war säi Monni Regent. 1950 huet hie sech mat der Mom RajawongseSirikit Kitiyakara bestuet.
Kuerz virdrun, de 5. Mee 1950 gouf hien am Grousse Palais zu Bangkok gekréint.
Hie war mat senger Fra vum 17. bis den 19. Oktober 1960 op offizieller Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.
Literatur
Paul M. Handley: The King Never Smiles. A Biography of Thailand's Bhumibol Adulyadej. Yale University Press, New Haven 2006, ISBN 0-300-10682-3.
Nicholas Grossman, Dominic Faulder (Hrsg.): King Bhumibol Adulyadej – A Life's Work. Thailand's Monarchy in Perspective. Éditions Didier Millet, Singapur 2012, ISBN 978-981-4260-56-5.