De Carlo Wagner, gebuer den 3. Juli 1953 zu Wuermer, a gestuerwen den 12. Februar 2021[1], war e lëtzebuergesche Politiker.
De Carlo Wagner huet säi Lycée am Stater Kolléisch gemaach an duerno zu Fribourg an der Schwäiz Ekonomie a Sozialwëssenschaft studéiert.
Hie war e wirtschaftleche Consultant. Tëscht 1991 an 1994 war e Generalsekretär vun der DP. 1994 gouf hien an d'Chamber gewielt an am selwechte Joer och Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer. 1999 gouf hie Member vum Comité directeur a vum Comité exécutif vun der DP.
No de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf hien an der Regierung Juncker-Polfer Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung.
No de Wale vun 2004 war d'DP net méi an der Regierungskoalitioun. De Carlo Wagner ass awer an d'Chamber erëmgewielt ginn, grad sou wéi bei de Wale vum 7. Juni 2009. 2013 huet hien net méi kandidéiert.
De Carlo Wagner war bestuet an huet 3 Kanner. Hien ass de Jong vum Charles Wagner.
Gielercher
Kuckt och
Referenzen
- ↑ "De fréieren DP-Minister Carlo Wagner ass dout." rtl.lu, 13.02.2021.
- ↑ Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn