Säi Papp, de Carl Johann Adolph Bernhoeft, Ënneroffizéier an der preisescher Garnisoun vun der deemoleger "Bundesfestung Luxemburg", war bestuet mat der Marguerite Specht, Duechter vun engem Händler aus dem Stadgronn. De Charles, eenzege Jong, hat nach sechs Sëschteren.
Den 18. Februar 1889 huet e sech mat der Marie-Louise Bernardy bestuet. D'Koppel hat zwéi Jongen, de Charles-Marcel gouf Dokter, an de Charles-Paul huet fir Ingenieur studéiert.
De Fotograf an Editeur
De Charles Bernhoeft huet eng Léier an der Lithographie an an der Fotografie gemaach an ass sou direkt an de Beruff erakomm, net wéi seng meescht Zäitgenossen, déi dëse Wee iwwer d'Konschtmolerei fonnt hunn.
Säin éischten Atelier hat deen dunn nëmmen nonzéngjärege Charles Bernhoeft schonn 1878 an der deemoleger Rue du Génie, haut Montereysavenue, vis-à-vis vun der Stater Post, opgemaach. Wéi dunn d'Affäre gutt gelaf sinn, hien hat mat Zäite bis zu 25 Leit fir sech schaffen, huet hie sech ëm d'Joerhonnertwenn a sengem neie Geschäftshaus um Eck Boulevard Royal - Groussgaass etabléiert. Dëst Gebai, deemools "De Bernhoeft" genannt, gouf an den 1970er Joren ofgerappt, fir engem Büro- a Geschäftshaus vun der Luxembourgeoise Plaz ze maachen. 2015 war et dann och schonn eriwwer mat deem Gebai dat dem Projet Royal-Hamilius huet misse wäichen.
Den Erfinder
Hien huet och en Apparat erfonnt, deen en ënner dem Numm Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci patentéiere gelooss huet, fir mat enger indirekter Beliichtung bannenan Opname mat engem Magnesiumsblëtz ze maachen, woubäi den Damp duerch eng Zort Hott no uewen evakuéiert gouf. En ettlech Fotografen an Europa haten him dësen Apparat, dee Präisser op Weltaustellunge krut, ofkaaft.
Den 12. Mee 2009 huet d'Lëtzebuerger Post hie mat engem Timber an der Serie "Personnages célèbres" geéiert. Um Timber gesäit een och seng historesch Foto vun 1904 vun de Prinzessinnen Hilda, Charlotte a Marie-Adélaïde.
Um Kierchbierg ass eng Strooss no him benannt: rue Charles-Bernhoeft.
Thill, Edmond, 2005. Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Époque. Exposition au Musée national d'histoire et d'art du 24 mars au 7 mai 2006. Musée Info. Bulletin d'information du Musée national d'histoire et d'art n° 18: 6–11.
Edmond Thill, Direkter vun der Publikatioun, zesumme mat Peter Fritzen, Susanne Lange, François Reinert, Cécile Arnould, Claude Lamesch, Marie-Sophie Corcy, Jean-Paul Gandolfo, Sandra Maria Petrillo, Jean-Daniel Lemoine, Fernand Gonderinger: Charles Bernhoeft, Photographe de la Belle Époque, 2014. 800 Säiten, 1.000 Illustratiounen. ISBN 978-2-87985-269-0