Hien ass “de leschte vun de Munchen”[2], enger al agesiessener Lëtzebuerger Famill, där hir Originne bis an d'spéit 18. Joerhonnert zeréckginn. Hien huet Souveniren a Konschtwierker, déi iwwer d'Generatiounen an d'Familljeproprietéit koumen, gesammelt. Dorënner sinn z. B. e Munkácsy-Portrait vun der Marie Munchen oder eng Serie vun Duell-Pistoulen. Reegelméisseg mécht hien Donen aus der Sammlung u Muséeën, wéi z. B. de Musée Dräi Eechelen.
De Geschäftsmann Munchen hat Galerien op verschidden Adressen an der Uewerstad a war och Matgrënner vun deemools “branchéierte” Lokaler wéi de Café Interview oder d'RestaurantenClub-5, Osteria a Brasserie Guillaume.