E steet op der Plaz vum éischte Stater Gemengenhaus, dat 1554 duerch d'Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Amtssëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Ursprénglech am Renaissance-Stil vum Péiter Ernest I. vu Mansfeld gebaut, gouf d'Gebai 1683 ënner dem Louis XIV. senger Besatzung ëmgebaut. 1741-1743 gouf riets vum eelsten Deel (deen tëscht deenen 2 Tiermercher, do, wou um 1. Stack de Balcon ass) en Ubau am Barockstil, "Wo" genannt, bäigesat. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d'Chamber ass.
Tëscht 1795 an 1814 war hei d'Prefecture vum Département des Forêts. Vun 1815 u war d'Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d'Parlament (dat 1857 an eng Stännversammlung ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d'Lëtzebuerger Constitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.
1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d'preisesch Truppen ofgezu ginn, an d'Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou haut de Staatsministère ass. De Staatsrot, d'archeologesch Sammlung, de Service agricole an d'Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d'Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut[1].
No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert.
Literatur
Weny, Simone, 2008. De Palais. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 185-190. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
Biller
En Deel vum Groussherzogleche Palais an der Stad
De Léiw um Fer-forgés-Gelänner vun der hënneschter Entrée vum Palais an der Waassergaass
Plack als Erënnerung un de P. E. vu Mansfeld op der Nordfassad vum Palais