De Guy W. Stoos (de W. ass fir William), gebuer den 8. Februar 1950 zu Ettelbréck, a gestuerwen an der Nuecht op den 12. Januar 2022[1], war e lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
Politesch huet hie sech bei déi Lénk engagéiert, fir déi e vun 2003 bis 2006 als Conseiller am Stater Gemengerot souz. Hie war Matgrënner a Mataarbechter vum Neie Feierkrop an huet och reegelméisseg an anere Zäitschrëfte matgeschafft, dorënner d'woxx a goosch.lu.
Hien huet och Plakater an illustréiert Bicher entworf.
De Guy W. Stoos hat als Informatiker geschafft. Zanter dem 1. Mäerz 2007 war hie pensionéiert.
Amateur-Zeechentrickfilmer
- Et mon oil (1974)
- Earthday (1973)
Publikatiounen
- Hochdruck. Cartoons., Kontext, 1978.
- Nachdruck. Karikaturen., Kontext, 1979.
- Strich und Faden. Karikaturen., Éditions Ultimomondo, 2007, ISBN 978-2-919933-08-2.
- Geld oder Blut. Karikaturen., Éditions Ultimomondo, 2009, ISBN 978-2-919933-51-8.
- Pomp Fünäber. Karikaturen., Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-64-8.
Literatur
Referenzen
- ↑ "De Guy Stoos ass am Alter vun 71 Joer gestuerwen." rtl.lu, 12.01.2022