De Jean Rettel, gebuer den 21. Dezember 1889[1], a gestuerwen de 25. Oktober 1965, war vun 1932 bis 1954 President vum Office des Assurances sociales zu Lëtzebuerg.
Hie war vum 23. Januar 1937 bis de 16. November 1945. Conseiller vum Staatsrot.
Liewen a Karriär
De Jean Rettel ass als Bauerejong am Neiduerf opgewuess a goung an de Stater Kolléisch, wou en 1908 seng Première gemaach huet. Hien huet duerno Philosophie a Philologie studéiert a mat engem Doktorat (1912) ofgeschloss[2]. No sengem Studium huet hien eng Zäit laang als Professer geschafft[3], huet dunn awer decidéiert fir weider studéieren ze goen. Säin Droitsstudieum huet hien 1915 mat engem Doktorat ofgeschloss an e gouf e bësse méi spéit als jonken Affekot um Barreau an der Stad ageschriwwen[3].
Hie gouf noenee Justizattaché an der Regierung, Chef de bureau am Ausseministère a Conseiller de gouvernement[2].
Nieft senge berufflechen Aufgabe war hie vun 1923 un och nach Member am Verwaltungsrot vun der nei gegrënnter Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun[2].
Wéi am Joer 1932 de Raymond de Waha, President vum Office des Assurances sociales, gestuerwen ass, huet de Pierre Dupong a senger Funktioun als Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht de Jean Rettel als Nofollger vum de Waha virgeschloen. De Rettel war vum 20. Oktober 1932 bis Enn Dezember 1954 President vun de Sozialversécherungen (mat Ënnerbriechung wärend dem Zweete Weltkrich)[4].
Gielercher
Referenzen an Notten
- ↑ (de)Herr Jean RETTEL Président honoraire de l'Office des Assurances Sociales. Revue, 11. Jg., nº 30, p. 17. (23.07.1955). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (de)Jean Rettel zum Gedenken. Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 303/304, p. 4. (02.11.1965). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
- ↑ 3,0 3,1 (de)Jean Rettel, Ehrenpräsident der Sozialen Versicherunge. Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 297, p. 3. (26.10.1965). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
- ↑ (de)Herr Jean RETTEL Président honoraire de l'Office des Assurances Sociales. Revue, 11. Jg., nº 30, p. 17. (23.07.1955). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
- ↑ (fr)Ordre de la couronne de chêne. viewer.eluxemburgensia.lu 4. Luxemburger Wort (15. Februar 1950). Gekuckt de(n) 14. Oktober 2024.