De Jos Krecké oder Joseph Krecké oder Menn Krecké, gebuer 20. Dezember 1922 zu Neiduerf/Weimeschhaff, a gestuerwen den 29. Juli 1976 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]