Originaltext: D'argent à une tête-et-col de sable accostée et soutenue de trois losanges d'azur, au chef de gueules à trois feuilles de chêne d'or posées en pal et rangées.
Am Gemengerot gouf den 3. Oktober1995 iwwer de Wopen decidéiert an den Arrêté executif ass vum 28. Mäerz1996.
Déi fréier Gemengen haten all kee Wopen. De Wope gouf aus Elementer vun deene vu fréieren Hären aus der Géigend zesummegestallt. Dat waren de Wope vum Haus Stolberg fir den Hirschkapp, a Leuze-Neufforge fir d'Rauten. D'Eecheblieder sollen déi grouss Bëscher an der Géigend duerstellen. D'Emailer Rout a Gold um Kapp vum Wope sollen un d'franseisch Communautéit erënneren, a Rout, Wäiss, Blo soll Zougehéieregkeet zu der Provënz Lëtzebuerg duerstellen.
De Fändel huet siwe Sträifen, wäiss, blo, wäiss, rout, wäiss, blo, wäiss, dem laange Wee no.