Oscar Niemeyer
Den Oscar Ribeiro de Almeida Niemeyer Soares Filho, gebuer de 15. Dezember 1907 zu Rio de Janeiro, an och do gestuerwen de 5. Dezember 2012, war e brasilianeschen Architekt. Zu senge bekanntste Wierker zielen déi ëffentlech Gebaier, déi e fir déi nei brasilianesch Haaptstad Brasília entworf huet, an déi 1987 vun der UNESCO als Weltkulturierwen erkläert goufen.
Den Niemeyer huet ufanks am Architektebüro vum Lúcio Costa geschafft, gouf spéider säin Assistent an huet an den 1940er Joren och mam Le Corbusier zesummegeschafft.
Hien huet scho fréi mat Stolbëtong geschafft a konnt sou seng geschwonge Forme realiséieren a gouf séier ee wichtege Vertrieder vum Modernismus an der Architektur.
1966, zwee Joer nodeem d'Militär a Brasilien un d'Muecht koum, ass den Niemeyer, dee Member vun der Brasilianescher Kommunistescher Partei war, an den Exil a Frankräich gaangen. An den 1970er Joren huet hien nees Coursen a Brasilie ginn, an ass 1982, nodeem et 3 Joer virdrun eng Generalamnestie gouf, nees hannescht duer wunne gaangen.
Wierker (Auswiel)
Realiséiert Projeten
Den Oscar Niemeyer huet am Ganze méi wéi 600 Gebaier konzipéiert, déi gebaut goufen. En ettlech dovu gëllen als Ikon vun der moderner Architektur.
- Ministère fir Bildung a Gesondheet (haut Kulturpalais; mam Le Corbusier, Lucio Costa, Jorge Machado Moreira an Afonso Eduardo Reidy) – Rio de Janeiro – 1937 bis 1943
- Haus vum Oswald de Andrade – São Paulo – 1938
- Brasilianesche Pavillon op der Weltausstellung zu New York City – 1939
- Casa do Baile, Danzsall a Restaurant – Pampulha bei Belo Horizonte, Brasilien – 1940
- Nationalstadion vu Rio de Janeiro – 1941
- Kierch São Francisco de Assis – Pampulha, bei Belo Horizonte, Brasilien – 1943
- Theater vun der Stad – Belo Horizonte, Brasilien – 1946
- Grousse Pavillon op der Biennale vu São Paulo, de Pavilhão Ciccillo Matarazzo – São Paulo – 1951 mam Helio Uchôa
- Haaptgebai vun de Vereenten Natiounen (mam Le Corbusier) – New York City – 1952
- Edifício Copan (Appartementshaus fir 5.000 Leit) – São Paulo – 1953
- Casa das Canoas – Rio de Janeiro – säi fréiert Haus, wou e gewunnt huet – 1954
- Interbau-Appartements-Héichhaus – Berlin-Hansaviertel – 1957
- Ermida Dom Bosco beim Lago Sul – 1957
- Ëffentlech Gebaier zu Brasília (ë. a. d'Kathedral vu Brasilia, den Nationalkongress, den Alvorada-Palais (Sëtz vum President), Itamarati-Palais, Planalto-Palais, Plaz vun den dräi Pouvoiren, Ieweschte Geriichtshaff) – 1957 bis 1964
- Casino, Kongresszentrum – Funchal – 1966
- Siège vun der Franséischer Kommunistischer Partei (PCF) – Paräis – 1967 bis 1972
- Siège vum Verlag Mondadori – Segrate bei Mailand, Italien – 1968
- Universitéit vu Constantine – Constantine, Algerien – 1968
- Nationalhotel – Rio de Janeiro – 1968
- Maison de la Culture (genannt «Le Volcan») – Le Havre, Frankräich – 1972
- Bürogebai Sede Fata – Pianezza bei Turin, Italien – 1977 bis 1979
- Sambódromo – Rio de Janeiro – 1984
- Tancredo Neves Pantheon vun der Fräiheet an der Demokratie – Brasília – 1985
- Memorial da América Latina – São Paulo – 1987
- Museu de Arte Contemporânea – Niterói – 1991
- Museu Oscar Niemeyer – Curitiba, Paraná, Brasilien – 2002
- Serpentine Gallery Pavillon 2003 – London – 2003
- Concertshal zu São Paulo – 2004
- Auditório Ibirapuera – São Paulo – 2005
- Auditorio Oscar Niemeyer – Ravello, Italien – 2010
- Neien Televisiounstuerm vu Brasília – 2012
- Centro de Cultura Internacional Oscar Niemeyer, Avilés, Asturien, Spuenien, 2010
- Puerto de la Musica – Rosario, Santa Fe Argentinien
- Kathedral Cristo Rei – Belo Horizonte
- Holoteca (Bibliothéik) – Foz do Iguaçu
- REC Sapucaí – Rio de Janeiro
-
São Franscisco de Assisi zu Belo Horizonte, 1943
-
Nationale Kongres zu Brasilia, 1960
-
Ieweschte Geriichtshaff zu Brasilia, 1960
-
Casino zu Funchal (Portugal), 1966
-
Edifício Copan (1966) zu Sāo Paulo
-
Kathedral vu Brasilia (1970)
-
Memorial JK zu Brasilia, 1981
-
Museu Oscar Niemeyer zu Curitiba, 2002
-
Auditório Ibirapuera zu São Paulo, 2005
-
Nationale Musée zu Brasilia, 2006
-
Bibliothéik zu Duque de Caxias, 2006
-
Museu de Arte Contemporânea zu Niterói
Publikatiounen
- Oscar Niemeyer: Curves of Time. The Memoirs of Oscar Niemeyer. Phaidon Press, 2000, ISBN 0-7148-4007-6.
Literatur
- Christian Hornig: Oscar Niemeyer. Bauten und Projekte. Verlag Ernst & Sohn, Berlin 1981, ISBN 3-7879-0213-9.
- David Kendrick Underwood: Oscar Niemeyer and the Architecture of Brazil. Rizzoli, New York, N.Y. 1994, ISBN 0-8478-1687-7.
- Jan Op Gen Oorth: Oscar Niemeyer – Architekt der Moderne. In: Tópicos – Deutsch-Brasilianische Hefte. 43. Jg., Nr. 2, 2003, S. 42–45, ISSN 0949-541X. (PDF-Datei, 230 kB)
- Heike Werner: Rio de Janeiro für Architekten. Werner, München 2003, ISBN 3-00-012540-X.
- Ingeborg Flagge, Paul Andreas: Oscar Niemeyer. Eine Legende der Moderne / A Legend Of Modernism. Edition Deutsches Architekturmuseum, Birkhäuser Verlag, Basel 2003, ISBN 3-7643-6992-2.
- Alan Hess: Oscar Niemeyer. Häuser. DVA, München 2006, ISBN 3-421-03580-6.
- Yukio Futagawa: Oscar Niemeyer. Form & Space. A.D.A. Edita, Tokyo 2008, ISBN 978-4-87140-490-7.
Filmer
- Oscar Niemeyer – A vida é um sopro. Dokumentatarilm, Brasilien, 2007, 85 Min., Buch: Jacques Cheuiche, Fabiano Maciel, Regie: Fabiano Maciel, Produktioun: Sacha, ë. a. mam José Saramago, Chico Buarque, Eric Hobsbawm,
- Mister Brasilia – Oscar Niemeyer. Dokumentarfilm, Éisräich, 2007, 30 Min., Buch a Regie: Alexander W. Rauscher, Produktioun: ORF.
Um Spaweck
|
|