Am Ufank koum d'Revue all 14 Deeg eraus, vun 1949 un all Woch. Den Erfolleg an den 1950erJoren hat d'Revue engem Abonementsystem ze verdanken, dat am Ländche komplett nei war. Wann een d'Revue abonéiert huet, konnt een automatesch a gratis vun enger Liewensversécherung profitéieren déi den Iwwerliewenden, am Fall vu sengem Doud, 10.000 Frang ausbezuelt huet. Och d'Säite mat den Hochzäitskoppelen hu vill Lieser bei der Staang gehalen. Ausserdeem hat d'Revue scho fréi eng Comic-Säit, déi vum Gab Weis gezeechent gouf. Mil's Abenteuer hu jorelaang d'Jugend an Otem gehalen. Bis an d'Mëtt vun den 2010er Joren huet d'Revue vun hire Comic-Säite vum Superjhemp profitéiert, gezeechent vum Roger Leiner mat Blose vum Lucien Czuga. Och ville Concoursen huet d'Zäitschrëft hire joerzéngtelaange Succès ze verdanken, déi eréischt duerch den Télécran1978 eng staark Konkurrenz krut.
D'Revue huet sech am Ufank als Familljemagazin verstanen, dat sech duerch e méi moderne Look an d'Auswiel vun den Theme vun de Publikatiounen aus dem Sankt-Paulus-Verlag ofzehiewe wousst. Am Laf vun der Zäit huet se sech och, mol méi, mol manner, gesellschaftspolitesch Theemen ugeholl. Zanter dem Enn vun den 1960er Joren huet d'Revue eng Bäilag mat den Televisiounsprogrammer, déi zu Lëtzebuerg z'emfänke sinn an déi haut den titel TéléRevue huet.
D'Revue haut
D'Revue gëtt haut vun Éditions Revue s.a. erausginn, a gehéiert zanter 2000 zu der Editpress. Den Direkter Guy Ludig gouf no 21 Joer, am Juli 2008 vum Gaston Zangerlé ofgeléist, dee Sous-Direkter bei Saint-Paul Luxembourg war, an de Guy Ludig gouf Beroder bei Editpress.
Vum 1. Januar 2010 bis den 1. Dezember 2015 war de Laurent Graaff als Nofollger vum Claude Wolf Chefredakter. Zanterhier hunn Hubert Morang a Stefan Kunzmann an enger duebeler Spëtzt iwwerholl.[1]
Zanter 2018 féiert den Nic Nickels d'Entreprise als Administrateur délégué an Direktiounsbeoptraagten.
Säit dem Joer 2023, huet sech d'Revue op verschidde Manéieren erneiert. Niewent enger frëscher Optik an engem moderniséierte Logo goufen etlech Ännerungen virgeholl.
Zuelen
Oplo
Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel validéiert gouf[2].
uganks 2000
...
4. Trimester 2008
0002. Trimester 2009
0004. Trimester 2009
0002. Trimester 2010
0003. Trimester 2010
25.160
...
19.440
19.375
20.722
18.352
18.735
Lieserstatistik
2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 23,80 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d'Revue gelies. 2006/2007 waren dat der 23,00%; 2007/2008 22,20% an 2008/2009 21,50%.[3] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[4] 2011 waren et 20,60 %[5]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 58.600 Leit iwwer 15 Joer d'Revue gelies (12,2 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]
↑Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.