Den Tupac Shakur huet iwwer 75 Millioune Placke verkaaft.[2] Seng Albumen All Eyez on Me a Greatest Hits zielen zu den Albume mat den héchste Verkafszuelen an den USA.[3] Hie gouf vu ville Musekzäitschrëften als ee vun de beschte Kënschtler vun allen Zäite gelëscht, dorënner vu Rolling Stone, a gëllt als ee vun de beschten an aflossräichste Rapper.[4],[5]
Den 2Pac huet als Roadie, Background-Dänzer an MC fir d'alternativ Hip-Hop Grupp Digital Underground ugefaangen, éier hien eng Solo-Carrière gestart huet.[6] D'Themen an de meeschte vum 2Pac senge Liddertexter dréine sech ëm d'Gewalt an de Misär an amerikanesche Stied, ëm Rassismus an aner sozial Problemer. Seng zwéin Elterendeeler an aner Familljemembere ware Member an der Black Panther Party, enger revolutionärer, schwaarz-nationalistescher a sozialistescher Beweegung. Déi Idealer spigele sech och a senge Lidder erëm.[6]
Am leschten Deel vu senger Carrière huet den 2Pac sech un der Rivalitéit tëscht den Unhänger vun East Coast Hip-Hop a West Coast Hip-Hop bedeelegt an ass a Konflikter mat anere Rapper, Produzenten a Museklabelmataarbechter geroden, dorënner am bekanntste mam Rapper The Notorious B.I.G. an dem Label Bad Boy Records.
De 7. September1996 gouf de Shakur op enger Kräizung zu Las Vegas e puermol aus engem Auto ugeschoss. Hien ass sechs Deeg méi spéit am Spidol gestuerwen. Et ass net gewosst, wie fir de Muerd verantwortlech ass.
Discographie
Studiosalbumen
1991: 2Pacalypse Now
1993: Strictly 4 My N.I.G.G.A.Z...
1994: Thug Life: Volume 1 (als Member vun der Grupp Thug Life)