Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, war hie Student am Dikrecher Kolléisch
Am Aarbechtsdéngscht war hien zu Peenemünde, do wou d'Nazien hir Geheimwaffen (V2 ënner anerem) entwéckelt hunn. Hien huet zu deene gehéiert, déi op Ëmweeër den Alliéierten Noriichten doriwwer zoukomme gelooss hunn. Si hunn dozou geféiert, datt d'Alliéiert Peenemünde ugegraff an déi Anlagen zerstéiert hunn.
Duerno gouf de Victor Fischbach als Zwangsrekrutéierten agezunn
No senger Rekrutenzäit ass hien desertéiert a war mat 5 anere Komeroden, mat der Hëllef vum Paschtouer Ries a sengem Koschter, an der Pafendaller Kierch bis zur Liberatioun verstoppt.