De Walter Colling, eigentlech Pierre Colling, gebuer den 22. Dezember 1864 zu Hamm, an do gestuerwen de 15. Januar 1927, war eng Zäit Schauspiller zu Essen an duerno Hëllefsbibliothekar an der Stater Nationalbibliothéik.[1]
Vun him ass ee Buch bekannt, Lieder des Harfenknaben, e Buch a Versen.
Fir un de Colling z'erënneren ass zu Hamm eng Strooss no him benannt.
Gielchen
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce vum Walter Colling am Luxemburger Wort vum 17. Januar 1927 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 04.01.2015.