Wéinst senger aussergewéinlecher Fäegkeet fir d'Koméitesich krut hien de Spëtznumm "The Wizard of Dernancourt". Hie war bestuet an hat dräi Duechteren.
Amateurastronom
De Bradfield ass kee Beruffs-, mä en Amateurastronom. Obschonn hie scho mat 13 Joer ugefaangen hat, sech op der Farm vu sengem Papp op Neiséiland fir d'Astronomie z'interesséieren, hat sech säin Interessi fir Koméiten eréischt 1970 entwéckelt, wéi hien 43 Joer al war. Ufank 1970 hat hien den helle Koméit C/1969 Y1 (Bennett) observéiert, wat e groussen Androck bei him hannerlooss hat. Dëse Koméit war vun engem Amateurastronom a Südafrika entdeckt ginn. – De Bradfield gouf Member bei der Astronomical Society of South Australia an am August vum selwechte Joer hat hie bei engem anere Member e selwer gebaut Teleskop ofkaf. Et war en 150 mm-f/5,5-Refrakter fir 60 Australesch Dollar, a war entschloss, selwer e Koméit z'entdecken. Hien huet domat ugefaangen den 1. Januar1971 an hat 260 Stonnen Observatioun gebraucht, bis säin Numm fir d'éischt mat der Entdeckung vum relativ helle Koméit mat der Bezeechnung C/1972 E1 (Bradfield) an d'Fachwelt erakoum. Dat hat him weideren Opschwong ginn, weider ze sichen, fir sech an aneren ze beweisen, datt seng éischt Entdeckung méi war, wéi nëmmen e Gléckstreffer.[2] Den 23. Mäerz2004 entdeckt hien am Alter vu 76 Joer säin 18. Koméit, den C/2004 F4 (Bradfield).
De Bradfield ass deen erfollegräichste vun den nëmme visuell schaffende Koméitenentdecker vun eiser Zäit. All vun him entdeckt Koméiten droen eleng säin Numm.
Wéi huet hie geschafft?
De William Bradfield hat sech no de Wieder vum Koméitenentdecker L. C. Peltier geriicht, dee gesot hat: „Fir e Koméit ze fannen, muss een ëmmer sichen.“ Fir seng Sich an enger donkler Ëmgéigend maachen ze kënnen, huet de Bradfield säin Haus verlooss, fir säin transportabelt Teleskop op engem verloossene Stroosserand opzebauen. Hien ass dofir eng Stonn, bis zu 70 Kilometer, vun Adelaide ewech gefuer. Well en net viraussoe kann, wéini een en neie Koméit fanne wäert, huet hie bei jiddwer gënschteger Geleeënheet, och am kale Wanter seng Observatiounen duerchgefouert. Am Duerchschnëtt huet hie wärend jiddwer Moundzyklus 8 Stonnen observéiert, d. h. ongeféier 100 Stonnen am Joer. Den Himmel gouf dobäi systematesch bis zu 90°Elongatioun vun der Sonn ofgesicht. A senge fréiere Joren als Koméitesicher hat hie souguer 200 Stonnen am Joer observéiert.
1981 – Berenice Page Medal vun der Astronomical Society of Australia. Fir d'Entdeckung vun 11 Koméite bis zu deem Zäitpunkt
1989 – Éierenmember op Liewenszäit vun der Astronomical Society of South Australia.
1989 – Member of the Order of Australia. Fir seng Verdéngschter bei der Astronomie
2000 – D'Astronomical Society of South Australia stëft den Bill Bradfield Astronomy Award. De Präis gëtt all Joer un Amateurastronomen aus Südaustralien als Unerkennung zu engem besonnesche Beitrag zu der Astronomie, verginn. Dat kënnen astronomesch Entdeckungen, Fuerschungen oder Observatiounen iwwer eng méi laang Zäit sinn.
2004 – Edgar Wilson Award vum Smithsonian Astrophysical Observatory (zesumme mam V. Tabur). De Präis gëtt verginn un Amateurastronomen, déi an de leschten 12 Méint een oder méi nei Koméite mat Amateurinstrumenter entdeckt hunn.
↑W. Liller: The Cambridge Guide to Astronomical Discovery, Cambridge University Press, ISBN 978-0521126052, 2010, S. 118-119.
↑W. A. Bradfield: Untitled Remarks. In: W. Liller: The Cambridge Guide to Astronomical Discovery, Cambridge University Press, ISBN 978-0521126052, 2010, S. 58-61.