Baccara war eng spuenesch weiblech Vokal-Popgrupp.
D'Grupp ass 1977 gegrënnt ginn a bestoung aus de SängerinneMayte Mateos (gebuer de 7. Februar1951 zu Logroño) a María Mendiola (gebuer de 4. Abrëll1952 zu Madrid an och do gestuerwen den 11. September2021[1][2]). Si hu sech am November 1973 beim spuenesche Fernseeballet kenne geléiert. Si hu sech als Flamenco-Dänzerinnen a Sängerinnen als Duo „Venus“ selbstänneg gemaach a sinn ënner anerem zu Fuerteventura opgetrueden, wou se am Januar 1977 vum Leon Deane, Fred Dieckmann a Patrick Kavetz (alleguer RCA, haut: SonyBMG) entdeckt goufen.
Den éischten Album Baccara hu se 1977 opgeholl an déi zwou ausgekoppelt Singelen „Yes Sir, I Can Boogie“ a „Sorry, I'm A Lady“ waren europawäit e groussen Erfolleg.