Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".
Säi Liewen
De Prënz Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.
1973, wéi e groussjäreg gouf, krut hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 ass hien op d'Militärakademie vu Sandhurst gaangen, wou en 1975 Offizéier gouf. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien zanter dem 6. Oktober 2000 den Titel Generol. Duerno huet hien op der Universitéit vu GenfPolitikwëssenschafte studéiert, an dës Studien 1980 mat enger Licence ofgeschloss.
Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.
De 4. Mäerz1998 gouf hien, entspriechend dem Artikel 42 vun der Lëtzebuerger Constitutioun, vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.
De 7. Oktober2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zeréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt. D'Feierlechkeete fir d'Trounbesteigung ((fr)joyeuse entrée) si wéinst engem Autosaccident vum Prënz Guillaume a senger Fra op de 6. Abrëll2001 verluecht ginn[1].
Wéi hien am Kader vum Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[2], huet de Grand-Duc Henri den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[3]
Promulgatioun a Sanctioun vun de Gesetzer
Op internationale Medienecho ass seng Intentioun gestouss, d'Gesetz iwwer Euthanasie, wann et an der Chamber beim Zweete Vott gestëmmt géif, net z'ënnerschreiwen. Domat hätt et, der Verfassung no net a Kraaft triede kënnen. Effektiv stoung do am Artikel 34, de Groussherzog "promulgéiert a sanctionéiert" Gesetzer, an deelt seng Schlussfollgerung der Chamber bannent 3 Méint nom Vott mat.[4] Hien hat dat den 2. Dezember2008 de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt. Als Grond sot en, hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[5] Mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 sollt sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionéieren" (wat eng explizitt Stellungnam bedeit).[6] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.
Dës Ännerung ass den 12. Mäerz2009 a Kraaft getrueden.