D'Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, bestuet Äerzherzogin Marie-Astrid vun Éisträich, mam vollen Numm Liliane Charlotte Léopoldine Wilhelmine Ingeborg Antonia/Antoinette Élisabeth/Elisabeth Anne/Anna Alberte/Alberta von Habsburg-Lothringen, gebuer de 17. Februar1954 op Schlass Betzder, ass déi eelst Duechter an dat éischt Kand vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte. Deementspriechend ass si d'grouss Schwëster vum aktuelle Groussherzog Henri.
Si ass zu Lëtzebuerg an an der Belsch an d'Schoul gaangen an huet eng Ausbildung als Infirmière gemaach, fir déi se 1977 en Infirmières-Diplom mat Spezialiséierung an tropescher Medezin vum Institut Prince Léopold krut. Zanter 1970 ass si Presidentin vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.